Harmonie Municipale de la Ville de Differdange

Léiwe Jos …

Léiwe Jos, et ass net ze gleewen an dach muss mir dir elo schonn Äddi soen. Mir hätten eis gewënscht dech nach oft op eise Concerten ze begéinen, nodeems du d’läschte November deng verdingte musikalesch Pensioun agelaud hues. Leider sollt dir an eis dat net vergonnt bleiwen. Voller Dankbarkeet a Frëndschaft blécke mer op däi Liewen zréck an deems du eis iwwert Joerzéngte net just e grousst Virbild fir jonk an manner jonk an en engagéierte Musikant an der Déifferdenger Musek wars, mee virun allem e gudde Kolleeg. Du hues dech ni geschummt ze soen, wann eppes net esou gelaf ass, wéi et sollt a Verbesserungsvirschléi gemeet. Mee zousätzlech wars du och net spuersam mat dengem Luef an Encouragement. En Éieremusikant, wéis du, kann all Veräin sech nëmme wënschen an du wäers e grousst Lach hannerloosen. Et deet wéih, dech goen ze loossen a mir wëllen als Veräin dem Valy, denger ganzer Famill an denge Frënn eis déifstent Matgefill ausdrécken. Mir behalen dech an Éieren an hoffen iergendwann neess mat dir zesumme musizéieren ze kënnen.

Powered by WordPress