Harmonie Municipale de la Ville de Differdange

Wiesel um Dirigentenpult

Mat ganz vill Stolz, stelle mir iech heimat déi nei Fra um Dirigentepult vun der HMDéifferdeng vir. Mir heeschen d’Véronique Bernar häerzlech wëllkomm a wënschen him vill Freed an Erfolleg mat eisem Orchester! Gläichzäiteg wëlle mir dem Gilles Krein, vun deem d’Véronique des grouss Erausfuerderung iwwerhëllt, e grousse Merci soen fir all déi Aarbecht an dat Engagement wat hien iwwert vill Joeren als Dirigent vun der HPG an der HMD an eise Veräin investéiert huet. Mir si frou, hie weiderhin als Musikant an eise Reihen ze behalen. Dir kënnt iech schonn den 21.01.2024 um 17:00 am Aale Stadhaus zu Déifferdeng vum Véronique senger Aarbecht iwwerzeege kommen an dat wéi gewinnt op eisem traditionnelle Néijoersconcert.

Powered by WordPress