Merci Marcel!

Marcel,

Du bass gëschter no laanger Krankheet vun eis gaangen. Du hues Joerzéngte laang am Interessi vun eisem Veräin geschafft, an deem s de Member souwéi Vizepräsident waars. De 24. Januar 2018 hu mir dech dofir Éire-Vizepräsident ernannt. 

Merci fir alles Marcel! Mir wäerten dech fir ëmmer a beschter Erënnerung behalen.

Der ganzer Famill wëlle mir an dëse schwéiere Momenter eist häerzlechst Bäileed ausdrécken.